Rocky Mountains an Great Sanddunes

10 08 2009

8.8

Um halwer 7 goung et rem lass, dobaussen an der Sonn mat Vue op Rocky Mountains gouf du Kaffi gedronk. Duerno hun mer eist Scheff ferdeg gemach vir fort an deen eischten Dumping, wou alles perfekt geklappt huet.
Nodeems alles färdeg verstaut wär, hun mir eis Richtung Buckskin Joe gemach, waat eng all Western Stadt ass, wou enner annerem d‘ John Wayne Filmer gedreint goufen. Alles Originalgetreu mat Saloon, Blacksmith an Schéissereien ( Awer nemmen gespillt ;)) Außerdem ass do een Haus wou den Architekt zimlech voll wär, well alles schief ass :).No enger erfreschender Cola, hun mir eis du Richtung Campingground gemach, deen 150 Meilen weit fort leit an bäi den Sandünen läit Fir dohinner sin mer duerch Rocky Mountains gefuhr, waat een onbeschreiflechen Ubleck wär ! Hannert den Rockies sin mir dun op enger Stross gefuhr dei nemmen richtaus gangen ass, heiandsdo ass mol een Auto lanscht gefuhr oder eng Farm op der Seit gewiest.
Leider war, trotzdem mir fréih un waren, den Campground direkt un den Great Sanddunes schon besaat. Mir sen awer trotzdem bis vir bäi gefuer, an hun eis an de Sand gewoot. Wahnsinn, waat do regelrecht Bierger ugeweht gin sin. Deelweis as de Sand sou waarm, datt een net mat plakigen Féiss do kann goen. Trotzdem as eng fresch Loft, an de Sand pickt un de Been. Sand, Dünen ouni Mier, fir de Yann onverständlich!! 😉
No enger Zäitchen sen mir voll genuch mat Sand, an duuschterig, an man eis op de Reckmarsch … nee nee, ganz sou wäit waren mir net, mee et kann een sech gär verschätzen a sou enger Wüüst! 😉
Direkt um nächsten Camping hu mir Chance! Nach zwou fräi Plaatzen. Deen as och speziell gewiest, sou ganz leng ouni irgendeppes ronderem, no bäi engem Séi just vu wäit huet een d Sanddünen nach gesinn, an am Hannergrond D’Rocky Mountains. Mir hun d Fotoapparater prett gemaach, d’Stativ opgestallt fir e gutt Bild ze ergatteren.
An der Zäit hun d’Männer e Feier gemaach, nees op der eegener Grillplaatz fir ze grillen. Gees hu mir an eisem eegenen „Bushaischen“ – engem iwerdecktenen Desch mat zwou Bänken. et gouf awer nees sou séier däischter, datt mir bäi zwou Kärzen an enger Campingluucht gees hun. Richtig romantisch, mam Lagerfeier dobäi, an mir hun souguer een Wollef (oder Coyote?) héieren haulen. Wie am Film!
Wie et eis ze kaal gouf, sen mir schloofen gaang.

9.8

Nees herrlicht Wieder – Kaffi dobaussen
Alles secher verstaut (fillt een sech bessen wie d Stewardess, di den Tour mecht virum Start an d’Klappen all zou mecht) an „on the road again“ !
Haut as mie eng laang Etapp ugesoot, bis op DURANGO, enger aaler Westernstaad, mat klengen Haiser, alles am Cowboystil, mat Geschäfter an Restauranten.
Eisen Camping as net grad sou schéin wie déi virdrun, well hei een um aneren steet, mee en läit immens praktisch, huet Full Hook-up, an een Pendelbus deen all 20 Min teschend dem Camping an der Staad hin an hir fiert.D’Jungs gennen sech eng Oofkillung am Pool, an mir relaxen bessen, ir mir eis op de Wee an d
Staad man.

De Bus entpuppt sech als uraalt Gefier, mat Holzbänken ronderem! Bessen wie eng CableCar zu SF, mee mat enger Schness vun engem amerikanischen Schoulbus.

D’Staad selwer gefällt eis immens gutt, richtig gemittlich, keng Hektik, opschons vill Leit ennerwee waren.

Mir gin fir d ‚Eessen bäi en Mexikaner, wou mir eis et gutt goen lossen. Weder Tortillas mat Dip, nach d ‚Margarita hun gefeelt. Lecker! An super frendlich!

Durno treppelen mir nach emol op an oof, mee et as schon nees daischter, an mir gin bäi de Arret zrek wou och direkt den nächsten Bus kent.

A lo: chrrrrrrrrrr pitchi püüüüüüh ……….


Aktionen

Information

Eine Antwort

10 08 2009
Mimi

Super, dat ass een Erliewnis dat wärten d’Kanner hirt Liewen net mi vergeessen.loost eech et gudd goen.hunn de video och gesinn,et ass immens dat mir hei sou können drun deelhuelen ,. e sche’ine bonjour vum zora et war haut nees hei.bis di nächste ke’ier

Hinterlasse einen Kommentar