Keep on ROCKing !

13 08 2009

Mettwoch, 12.8

Nach emol genéissen mir eis Plaatz bäim Kaffidrenken, well mir mengen net datt déi, op d’manst vun der Plaatz u sech nach ze toppen as!
Da starte mir a Richtung Monument Valley.
Mir dumpen an kaafen nach Brout, Waasser a Béier, (tje daat néidegst eben 🙂 )
No 188 Meilen gesinn mir di 3 mega Fielsbrocken, di an souvillen Wester emmer ze gesinn waren. Sie sen nach vill mie grouss wie een sech se virgestallt haat!
Mir hu Fotoen gemaach, wou mir op engem Fielsbrocken virdrun stinn, an et mengt een baal di Biller wieren gestallt! Um Empire State Building, huet een irgendwou an der Schlaang sech an engem Eck missten virun engem Bild vun New York vun uewen drapéieren, wou een durno wie zu Brühl op der Wildwaasserbahn d Foto konnt kaafen. Daat hei huet bessen dorun erennert, just ET AS ECHT !!! Dodurch daat Wolliken um Himmel waren, di mol deen een, mol deen aneren Fiels méi oder manner beliicht hun, an mir, di vill mie wäit virdrun, an och nach op engem decken Steen stungen, gouf daat een ganz speziellt Bild!
Op enger Terrass vun engem neien Hotel, wou bis viru kuurzem DEEN Camping fir RV’en war, hu mir nach eppes gedronk, wie daat Ganzt bessen op eis awierken ze lossen. Durno wollte mir eis op de Wee man, an der Géigend eng Plaatz fir d Nuecht ze fannen. Hei gouf et zwar een Auswäichparking fir CampingCar’en, mee daat war just en riichten Plateau voll an der praller Sonn, zwar mat Bleck op d Fielsen, mee mat kenger Gretz Schied, an ouni Stroum, wou een d Klima dann just kurz mat der Generatrice kent laafe lossen, an daat wollte mir eis bäi der dreckender Hötzt awer hett net undoen.
((Lo as et 11 Auer den owend, a mir setzen nach hei op engem RV Park virum Camper, an et huet nach keng Gretz oofgekillt!))
Mir hun eis also opgemaach an Richtung Page, huelen di éischte Kéier an engem Stau, wéint Stroossenarbichten. War awer net sou schlemm wie gefaart, mir koumen nach engegermoossen gutt dodurch, am Verglach zum Géigenverkéier.
Meeeeee mir waren hei voll am Navajo-Indianer-Gebitt, an teschend dem Monument Valley an Page gouf et guer neischt! Wiirklich guer neischt, weder eng Tankstell, nach en Hotel, keen Restaurant, keen Geschäft! Kennen mir eis baal net virstellen. 120 Meilen NEISCHT! Just en Highway durch d Natur!
Tjo, an domat sen mir den Owend schon quasi zu Page, wou mir am Fong mär richt sollten ukommen. 🙂
War zwar haut vill Fuhres, mee domat kennen mir direkt mär den Antilope Canyon kucken goen.
A lo gin mir an d Heia – Nuecht ! :-))

Densdig, 11.8

Mir kennen nemme staunen iwert eis wonnerschéin Plaatz hei am Devil’s Garden! Kaffi schmaacht duebel gutt, zumols mir souwuel Sonn wie och Beem fir Schied hun, je no Bedarf 😉
Nom Breakfast gin mir en Trail iwert +- 8 km. Den Arches National Park as sou flott, kann een einfach net sou beschreiwen. Deelweis as et deck waarm, an eis vill Waasserfläschen sen séier eidel, mee den Tour durch Sand, iwer Steng, teschend Fielsen an iwert deelweis schmuel Graden iwert d’Fielsen muss een gemaach hun. Hoffentlich drecken d’Fotoen herno nach bessen vun denen Impressiounen aus.
Durno sen mir d’éischt mol platt! Midd, duuschterig , vun der Sonn matgeholl, mee do enger killer Dusch, an engem killen Patt geet et eis direkt nees gutt.
Mir setzen eis alle 5 mat engem Buch an eppes ze drenken an de Schied.
An do setzen mir bis et stachdaischter as, bäi engem Lagerfeier a pur Kärzen an bewonneren een fantastischen Stärenhimmel, mat en etlichen Stäreschnäitzen!

Méindeg, 10.8.

Kaffi wie bis lo nach emmer dobaussen, durno Raumen an alles Verstauen, an nach en vollen Hook-Up. Lo get et 3 Deeg keen frescht Waasser, an daat knaschtigt kann och net ooflaafen geloss gin. Stroum get et och keen am Arches Nationalpark.
Mir man eis op de Wee op den Devil’s Garden Campground.
Ennerwee fuhren mir nach den „Dead Horse Point“ kucken, d‘ iwerdimensional Saarschleife vum Colorado River, wie den Eric soot 😉
Daat as schon impressionnant, sou vun uewenroof op di Landschaft ze kucken, an wann een sech dann nach d Pärd virstellt, di uewen stinn, d’Waasser gesinn, an net dobäi kommen ……
Da geet et weider an den Arches.
Ennerwee staunen mir schon iwert di immens Fielsen, an et wees een op emol net mie waat een soll knippsen!
Mee et gouf nach besser, wie mir op de Campground selwer koumen. Do freet een sech waat Leit bäi eis op de Campingen eigentlich sichen!? Den éischten Deel Camping as den „first come – first served“-Deel. Do sen schon immens flott Plaatzen, sou teschend klengen Fielsen a Gestrüpp, mat Vue op de Valley, jiddereen mat eegener Grillplaatz an Desch mat Bänken! Den hennischten Deel as deen wou een kann reservéieren, an do haaten mir eng Plaatz kritt, well mir een bestemmten Daach mat 3 Computeren di selwicht Zäit enter gedreckt hun fir déi ze kreien, well des Plaatz an de Foren emmer als di schéinst genannt gouf.
A sie haaten net zevill versprach.
Mir grillen, an genéissen di absolutt Rou di op deem Camping as, an daat trotzdem en ausgebucht war.


Aktionen

Information

Eine Antwort

13 08 2009
Mike

Top, mir stungen zu Kayenta an deem selwischte Stau 🙂

Hinterlasse einen Kommentar