Be Bear Aware :)

28 08 2009

Samsdig, 22. 8

No enger entgéint allen Erwaardungen rouiger Nuecht fuhren mir nom Kaffi um Parking a Richtung Yosemite Park.

Vun der Emgéigend hir as net schrecklich vill lass, et geet riicht aus, an heinsdo kommen sou richtig Windhosen, wou een muss oppassen de Camper op der Strooss ze behaalen!

Mir dréihen een Tierchen op engem Ghost Town, deen awer keen war. Do stungen pur aal Ruinen, gebaut, neischt waat mir lo als „aal“ empfannen!

D’Landschaft get awer lues a lues mi greng, an mir lossen di Wüst ronderem Las Vegas lues awer secher hannert eis.

Da kommen mir op Tom’S Place, eng kleng Uertschaft mat nemmen pur Haiser, di awer schengt bekannt ze sen ennert de Fescher. Do get et och eng Art Saloon, wou souwuel Einheimischer wie och Touristen sech ophaalen. Et as ganz urig dobannen, vill Krempel a Krimskrams un all fräiem Zentimeter Mauer. Mir eessen en leckeren Hamburger do a fuhren da weider bis op den June Lake, wou mir um Oh Ridge Campground eng Plaatz reservéiert hun.

Den Lake selwer as en herrlich bloen See, mat Bierger am Hannergrond. Erennert un d’Alpen!

Eis Plaatz as och flott, relativ leng a rouig, mat engem Schaaf fir d’Eesssachen anzespären wéint de Bären! Di eng Noper sen eeler „Fisherman’s Friends“, wie mir se genannt hun, an op der aner Säit sen op 3 Plaatzen nirwteneen 3 amerikanisch Familljen mat op d’manst enger Dozen Kanner.

Mir setzen nom Eessen nach eng laang Zäitchen alle 5 bäieneen bäim Lagerfeier a schwätzen a laachen mateneen. Einfach herrlich!

Mir gin awer schloofen wie et ungefaang huet mat dreppsen!

Sonndig, 23.8

Et huet d’ganz Nuecht gereent, an de Moien gesäit et och nach net aus wie wann et ging ophaalen! Mir drenken fir di éischte Kéier an der Vakanz heibannen Kaffi. Durno doen mir eis waarm un, a fuhren op Bodie, an eng richtig Ghost Town, wou et geboomt huet wéi fir d’éischt Gold fond gouf, déi Zäit war et eng vun de gréissten Stied a Kalifornien. Anscheinend gouf nach bis 1940 do geschafft, mee de gréissten Deel vun der Staad, waat nach do steet, as wiirklich uraal.
Do gesäit een nach ennert anerem d’Schoul vu fréiher, d’Kiirch, den Saloon, de Pompjeesbau, de Prisong, Wunnhaiser wou deels alles sou zreckgeloss gouf wie et war. Et as schon irgendwie onheemlich wann ausser den Touristen keen Liewen mie do as. Leider huet et awer weider gereent, an et war schrecklich kaal, emmerhin as et op 8000 Fouss Héicht, daat deen gespenstigen Feeling wou di dir Äst an der Hötzt iwert d’Stroos rullen gefeelt huet.
Durno sen mir nees en Steck roof gefuer, bis op de Mono Lake. Daat wier vun de Fotoen hir eng Rausfuederung gin, falls d’Wieder an de Stand vun der Sonn grad matspillen. Tatsächlich huet et opgehaal mat reenen
Déi Tufas sen skulpturartig Kalziumkarbonatformatiounen a koumen durch Ooflagerungen vun Quellfless, déi ropgedreckt hun, Iwert Joerdausenden sen se gewues, an dodurch datt Los Angeles vill Waasser vun deem Séi oofzitt, zevill, sen di Tuffsteng deels fräigeluecht gin.
Lo gouf daat Ganzt en Naturreservat, an et kann een iwert Holzwéer iwert een Deel vum Sumpf goen, baal bis bäi di Steng. Anscheinend gesäit daat Owes super aus, wann d’Sonn ennergeet, mir waren awer lo schon frou datt d’Sonn sech fir eis iwerhaapt mol am Nomettig durchgesaat haat.

Mir man eis e klengen Snack um Parking, fir den klengen Honger, a fuhren da weider bis op eisen Camping, deen direkt um June Lake läit. Mettlerweil as d Sonn ganz raus, an eis 3 Jongen gin schwammen, trotzdem d’Waasser alles anischt wie waarm as. Et as net ze gleewen, mee mir sen Sonndes Mettes, matzen am August, quasi leng un engem herrlich Séi. Zwou Koppelen paddelen mat hire Booter doremmer, an ganz um aneren Enn setzt een ze feschen! Fir de Rest as daat schon baal kitschigt Bild vum Séi an der Sonn mat Bierger hannendrun leng fir eis!

Lo hun mir gees a gespullt, an sen färdeg fir an d Bett, well et einfach ze kaal dobaussen gin as. (halwer 9)!! Ah jo, ausser eis as nemmen nach 1 (eng) Plaatz den Owend an eisem Deer-Loop besaat! Mir leien quasi leng an der Natur, mat 2379846 Squirrelen! (A-Hörnchen & B-Hörnchen) Gester Owend war anscheinend en Deer (Réi oder Hirsch?!) hei, mee den Noper haat en just gesinn!
En Bär hun mir nach net gesinn – mee de Yosemite kent jo richt mär! 😉

Méindeg, 24.8

A mir sen am Yosemite!
Kent een sech bessen vir wie an der Schwäiz oder an Éisterräich. Héich Bierger, gaaaanz héich Bierger, iwerall Séen, a Baachen, vill Besch, ze soen nemmen Dennen.

D’éischt hate mir awer nach en Fotoshooting-Stop bäim Mono Lake gemaach. D’Wieder war herrlich, d’Sonn huet geschengt, an den Himmel war blo.

Durno sen mir an de Yosemite gefuer. Et gung alt mie héich, bis op baal 10000 Fouss héich. Ennerwee waren immens schéin Vue’en ze gesinn.

Eisen Camper huet béis gekeimt fir bis uewenaus, an och roof gung et nemmen lues an Serpentinen, an emmer nees war eppes ze kucken.

Bäim Sequoia-Park hun mir en Halt gemaach, eppes klenges gepicknickt, an du sen mir en klengen Trail spazéieren gaang, bis bäi di richtig Mammutbeem. Een as d’lest Joer emgefall, an läit a senger ganzer Pracht am Naturpark. An deen wou den Tunnel dodurch geet, as no uewen hin verbrannt. Et sen schon impressionnant Riesen! Déi di do stin, sen gréisstendeels och schon riesig, mee nach net grad sou deck. Trotzdem et August as, d’Amerikaner och Vakanz hun, a gutt Wieder as (zwar keen Weekend méi) sen net allzevill Leit ennerwee. An et as och bäi wäitem net mie sou waarm wie op denen Plaatzen virdrun, gutt 24° C werten et sen, an eng kleng Leftchen. Also herrlicht Wieder fir ze treppelen.
Et as en schéinen Tour durch de Besch.
Durno fuhren mir gemittlich op d’Campingplaatz Upper Pines. Daat as awer nu den hellen Wahn! Wie eng Staad!! Do geet et op zwou Bunnen op de Camping ran! De Camping as riesig, an a pur Plaatzen agedeelt … Upper Pines, Lower Pines, North Pines ….. wéivill Plaatzen lo iwerall sen, a net ze soen. De Camping u sech läit teschend 3 Säiten Riesenfielsen, an alles ennert gaaanz héichen Dänne/Pinienähnlichen Beem. Et schaalt alles ganz komisch. Wann een an d’Hänn klappt, kléngt et baal wie an enger riesiger Kiirch. Bäi all Plaatz stinn nees Metallkesten wou een (zumols déi an den Zelter), hir Eesssaachen sollen aspären, wéint de Bären. Der schengt et wiirklich massig hei ze gin. Ging jo nawell gär een gesinn, sou vu wäitem, mee den Owend wou mir lo hei bäim Lagerfeier suutzen (bis 9 Auer) war et schon onheemlich! Et get jo direkt stachdaischter hei, an bis op di aner Lagerfeier, oder mol di eng oder aner Luucht gesäit een neischt iwert dem Buedem! Wann een an d Luucht kuckt, gesäit een teschend de Beem nach bessen Himmel, deen nach net ganz daischter war.
Wann dann een Auto oder Camper kent, an di Luuchten strahlen teschend de Beem, mengt een et misst een sou een Koloss gesinn do kommen!!! 😉

Jiddefalls hu mir nom Eessen diiiiirekt alles geraumt, gespullt, an den Dreck an speziell bärensecher Drecksbacken gedroen! Et weess een jo nie! Muss jo net grad bäi eis een sech Appetitt huele kommen :-))))

A lo hoffen mir op eng rouig Hennt!
An datt mir mär irgendwou nees Internet fannen, datt eise Blog à jour gesaat ka gin, an vläicht eng oder di aner Mail raus kann goen. Daat as hei an der Géigend net evident. Mee et as herrlich, Natur pur! Daat kennen mir jo guer net mie, daat stachdaischtert nuets, a weder Internet nach Telefon. Just en wahnsinns Stärenhimmel!

Densdig 25.8

Keng Bären an der Nuecht!
Mir drenken gutt Kaffi op eiser Campingsplaatz, di éischt Noper sen schon fort.
Hei get immens vill Sport gemaach. Velo, Paddelboot, Walken an virun allem Klammen sen deck ugesoot. Hei schengt och eng zentraal Plaatz ze sen fir Amerikaner an hir Vakanz. Ganz vill hun sech der hei mat Zelter an Camper installéiert. Den Eric haat sech leider gester Owend bäim American Football d’Zéiw verstaucht, , an as bäim Camper an dem Medicus bliwen, a mir véier hun en Trail gemaach bäi en Waasserfall, de Vernal Fall. Daat gung nemmen biergop (klaro, hen fällt jo och vun uewen roof!) d’éischt iwert Betonswéer lanst d’Fielsen, bis bäi eng Breck, waat di éischt Etapp schon war fir verschidde Leit, déi hir Féiss do an d’Waasser zappen. Et geet weider iwert Sand a Steng, schéin eng Säit lanst de Fiels, di aner Säit d’Baach di hiren Wee lanst an iwert d’Steng sicht, emmer biergop. Irgendwann kommen Traapen, onregelméisseg an der Natur iwerloss, an et kritt een schon en herrliche Bleck op den éischten Waasserfall. Well och nach schéint Wieder as, kreien mir och nach een Reebou gebueden! De Wee geet weider rop, ganz uewen wou de Wasserfall „fällt“ geseit een ganz kleng d’Leit di bis rop gaangen sen! Daat Ganzt vun uewen as bestemmt och en fantastischt Bild! Also d’Been an de Grapp a lass, virun rop, d’Traapen gin alt mie krakselich a mie enk, an zum Schluss as souguer een Gelänner fir di lest Meteren. Uewen steet een dann op emol virun engem klengen Séi mat kristallkloerem Waasser. Vun uewen kent nach Waasser relativ flaach iwert d’Fielsen, wou mir och Schon an Stremp ausdoen, an d’Féiss an daat gutt killt Waasser strecken! E Genoss!
Et kent een nach weider rop goen, bis bäi den ierwechten Waasserfall, mee daat as eis awer ze wäit. Mir sen schon Stonnen ennerwee, wéi laang wesse mir net, well mir keng Auer hun! 😉 A mir mussen deen Wee jo och nees roof, well néierens däitlich en Scheld steet, wou den Trail hingeet, an de Risiko fir lo nach 10 oder méi Meilen mussen ze goen, welle mir lo net agoen.
Wéi mir endlich nees ennen waren, haate mir et ferm an de Knéien -) As een neischt mie gewinnt!!
Zreck um Camping hu mir festgestallt datt mir 4 Stonnen ennerwee waren!
Du hu mir alles agepaak, an sen mam Camper op de Glacier Point gefuer, waat deen schéinsten Aussichtspunkt soll sen. Effektiv gesäit een vun do op den Half Dome, een Bierg wou een och en Trail rop kan man, wann een sportlich top drop as, an och op di zwee Waasserfäll, an ennen am Dall gesäit een de Camping wou mir waren. War den Emwee an di Stonne schlecht Stroossen biergop derwert.
Nom Kucken gung et nees di aner Säit roof, bis op den Wawona Camground, den mir fir déi Nuecht gebucht haaten. Hei as eis Plaatz och immens flott, relativ grouss, an hannendrun just Beem an eng schéin grouss Baach, mat decken Steng dran, wou d’Bouwen mat pakigen Féiss konnten ronderem klooteren.


Aktionen

Information

Hinterlasse einen Kommentar