Viva Las Vegas !

22 08 2009

Densdig 18.8 – Freideg 21.8

(hu mir lo missten nokucken, well mir hun weder eng richtig Auer nach Zäitgefill. a wann een eng Auer éierens gesäit (waat selen de Fall hei as) as och nach dachs eng Stonn mie oder manner, well mir grad iwert eng Staatsgrenz gefuer sen ….)

VIVA LAS VEGAS …….

di Staad as einfach gigantisch! Sech alles riesig virstellen, dann mat 10 multiplizéieren, da kent et vläicht hin!! D’Staad u sech as alles anischt wie schéin, mee di eenzel Anlagen vun den Hotel sen den hellen Wahn! De Moment sen immens vill Baustellen hei , souwuel ganz Stroossen di opgerappt sen, wie och Gebeier, di am Oofrappen, oder am Opbau sen.
Mee den Androck mat all deenen enormen Gebeier an denen villen Luuchten bleiwt trotzdem!

Mir hun pur vun denen mega Hotelen vun bannen gesinn, daat kann een sech net sou virstellen! Do sen komplett Stied an quasi engem Gebei!!
Eisen Hotel, den „The Orleans“ haat schon leng als Parking schon mind. 3x deen vun der Belle Etoile ronderem!! (Dikkrich kann nemmen dovun dreemen, hihi) Oofgesinn datt een als éischt emmer an d’Spillhellen kent wou dausenden an dausenden eenaarmig Banditen stinn, nirwt nach x Pokerdescher asw, get et Baren an Restaurant’en ennenan, dann um éischten Stack en LunaPark, 18 (!) Kinossäll, an 70 ( jo siwenzesch) Bowling-Bunnen nirwteneen!!!

Vun denen ganz berühmten waren mir an den Venetian – daat as den absolutten Hummer! Do kent een sech fir wie zu Vendig. Baussen as schon eng Art Markusplaatz, mat Rialto Breck an Gondelen am Waasser. a bannenan geet et ähnlich weider. De Canale Grande zitt sech durch d Gebei, mat engem Plafang wie en Himmel kuurz virun Sonnenennergaang. Ronderem sen d’Geschäfter an d Hotelen wie op der Markusplaatz, Gondolierien sangen, di net grad mat de Gondelen hin an hir fuhren mat Leit gin durch d’Gäng sangen. D’Entree vum Hotel as an engem onvirstellbaren Prunk! Mat Fresken am Gold um Plafang, Statuen ronderem, genial!

Am MGM as en Gehege fir den Léiw, d’Wahrzeechen vun der Filmfirma , bannenan nirwt der Entree, alles hannert Glas.

Den Treasure island huet d’Entree wie eng Insel! Et geet een iwert eng helzen Breck iwert d’Waasser, rechts a lenks en Piratescheff, iwerall Palmen a Fielsen …. an all annerhallef Stonn as owes do eng Liveshow mat enger Pirateschluecht, opgebaut wie en Musical, en Scheff mat Fraen, an eent mat Männer, natirlich alles genial gemaach, mat Musik an Special Effects wie Kanouneschess, Waasserfontänen, richtigem Feier, an daat Ganzt souguer ouni Entree, einfach fir déi Leit di grad do ronderem sen!

De Ceasar’s Palace as och net ze beschreiwen, Prunk pur! Alles am réimischen Stil, mat Sailen an Spangbir.

An donirwt, de Bellagio, do waren mir net ran, mee deen huet een klengen Séi virun der Entree an engem schéin ugeluechten Park, deen een awer gutt vun der Strooss gesäit, an do ass eng Waasseruergel, déi all hallef Stonn oder sou geet. Am Daach as et schon schéin, mee mir waren do wie et daischter war, an op d Musik vun „Viva Las Vegas“ sen do genial Waassserfontänen an d’Luucht gaang.

Och Gebeier waat „nemmen“ Geschäfter waren, haaten meest hiren Stil, oder een Thema. Natirlich alles riesig, grouss kennen sie net! Et as alles enorm!

Leider haate mir temperaturméisseg di waarmsten Zäit geroden, an um Fernseh huet den Weather Channel Hetzewarnungen rausgin. Et war iwer 40 ° C, de Rekord luch hett bäi 109 ° F. Iwerall stinn Leit mat Killtäschen „cold water“ …. „ice cold water“ …. „only one dollar“ ze verkaafen, an un de Verkaafsstänn op de Stroossen, oder iwert den Agäng vun Geschäfter hun se sou eng Art Sprinkelanlaagen installéiert, wou sou gaanz rengen Fiesemreen rauskent fir d’Leit oofzekillen.
An awer as et net fir Kilometeren zu Fouss ze goen. Dobaussen packt een et net vun Hetzt mir sen deen een Daach de Strip (Las Vegas Blvd) een Deel rop gaang, vun do wou den Shuttle vum Hotel den Stop mecht, deen aneren Daach den Strip roof mee mir hun nach laang net alles gesinn.

An da get et nach hir Gesetzer, di net iwerall d’selwicht sen! Op der enger Plaatz kritt den Eric keen Béier well hen keng 21 as,(Waffen dierft en awer wuel kaafen!) net mol wou mir derbäi sen, hei laafen „kleng“ Jongen mat de Béierfläschen iwert d’Strooss!
An engem Casino as den fetten (big) Elvis opgetrueden, mir hun en passant gekuckt, stungen ee Moment do, du koum schon en Schaaf vun engem schwaarzen Oppasser den Tom an den Yann rausbegleeden, et dirwt een néierens stoen bleiwen, just um Teppich ouni Muster, teschend Linnen, därf een zügig durchgoen!!
Virun der Dir stinn op Schratt an Tratt awer dann nees Tonnen Typen mat Kärtercher vun Fraleit mat Telnummer drop, di souguer engem Tom sou eppes wellen an d’Hand drecken!!
Irgendwie huet hir Moral duebelen Buedem!!!

Mir hun awer fond datt 3 Deeg dur gin, di Hetzt, den Kaméidi, iwerall hart Musik, op de Stroossen, an de Restaurant’en, bäi der Schwemm, an egal wou een ran geet, Luuchten Luuchten an nach emol Luuchten, nirwt dem dauernden Bing Bing Bing vun all deenen Spiller …… op emol freet een sech op den nächsten Camping ouni neischt! 😉

An deen hu mir de Moment hei irgendwou an der Pampa!
Eis Route gung de Moien lanst den Death Valley, an do as wiirklich ronderem nemmen quasi Wüst! Net vill Uertschaften, an en Highway deen alt iwer 30 Meilen just riichtaus gung!

Mir sen schon een gudden Deel Richtung June Lake gefuer, an hun keen RV Park gebucht gehaat. Wollte kucken wie wäit mir kiemen. Mee daat as jo net sou einfach, lanst een ze fuhren deen net schéin as, an dann ze soen, kucke mir mol den nächsten, well mat bessen Pech kent mol 100 Meilen einfach guer neischt! Also se mir lo einfach an enger klenger Uertschaft bäi den eenzichen gefuer deen do war, an daat as hannert engem klengen Casino, engem Hotel, engem Supermarché op engem Parking!!! Zwar mat Vull-Hook-Up, mee daat as awer och alles!!! Hannerun eis geet eng kleng Strooss an eng Wunncité, an virun eis sen d’Quai’en wou secher mär de moien em 5 Auer d’Camion’en liwweren kommen! Baal zäitgläich mat eis as eng eeler Koppel nirwt eis bäigefuer, an d’Mme huet och alt gemengt, „I love these beautiful flowers all around“ …. hehe, hei gesäit een nämlich nemmen Beton!! Mir hun schon de Geck gemaach datt mir desen als onbedingt empfehlenswert an de Forum setzen! 😉

Mee hei get souwiesou lo nemmen geschloof, an mär geet et a Richtung June Lake a Mono Lake, do as et bestemmt nees mie flott.


Aktionen

Information

Hinterlasse einen Kommentar