Bryce Canyon !

18 08 2009

Méindeg, 17.8

De Moien huele mir een vun den éischten Shuttle-Busser fir an de Bryce Canyon Naturpark ze fuhren. Et as eng Art Hop-on-hop-off, deen vun engem Sightseeing-Punkt op den nächsten fiert, mee et kann een och doteschend di verschidden Trailen zu Fouss man.
Et as bestemmt komisch ze liesen, wann een schreiwt, super, immens, herrlich, mee et as tatsächlich sou. An emmer nach as irgendeppes ze toppen. Mee bis lo as den Bryce eisen absolutten Favoritt! Eng total aner Welt. Die Figuren an Tiirmercher, di d’Natur do „geschnitzt“ huet, an di Faarwen, vu roud – corall – orange iwer brong-beige, setzen der Fantasie keng Grenzen! Vu uewen gesäit et aus wie eng Miniaturlandschaft, a wann een dodurch treppelt, mierkt een wie riesig daat alles am Fong as!
Et as hett och net mie grad sou waarm, a mir sen relativ fréih un, sou datt desen Tour gutt ze packen as.

Durno gi mir an den Ruby’s Inn eppes eessen, ( deen schengt fréiher een Cowboy hei gewiest ze sen, deen em 1900 alles opgebaut huet. op verschidde Plakater heescht en och Ebenizer, d’Bild ass emmer d’selwicht) an de Restaurant as nirwt dem Ruby’s Motel, an dem Ruby’s General Store, dem Ruby‘ Giftshop an dem Ruby’s PostOffice ….. 😉
Durno hu mir eis et um Ruby’s Campground bessen relax gemaach. D Jongen waren schwammen, a mir hun gelies.

Lo setzen mir grad hei bäi Kärzen an engem Lagerfeier, enger Fläsch Wäin an engem Buch! Life is wonderful – isnt’t it !?!

A mär geet et a Richtung ……. Las Vegas!

Sonndig, 16.8

Fréi op – kee Problem, mir waren jo schon em halwer 9 am Bett – Kaffi – araumen – an och schon ennerwee an den BRYCE CANYON.

Et as eng relativ laang, an eng relativ „normal“ Streck bis bäi den Red Canyon, am Dixie Park. D’Fielsen sen op emol richtig roud, an d’Stross geet zweemol durch een klengen Tunnel (éischter Bou‘) matzen durch een Fiels. Daat as och just op enger klenger Streck sou. Di Natur as schon eegenwellig.

Da geet et weider a Richtung Ruby’s Campground am Bryce Canyon. Eis Plaatz as ennert enger Art Pinienbeem, net ellen, mee net sou „leng“ wie schon op aner Plaatzen. D’huet een d’Noper direkt virun Aen. 😉 As awer net weider schlemm, well mir gin vu Keelt nees fréih schloofen. D’Temperaturen faalen och hei Nuets bis op 2 °C !


Aktionen

Information

Eine Antwort

20 08 2009
Josiane

Hi dir 5!

Flott datt een daat kann su matverfollegen, war och lo mol nach eng Keier bei aer Fotoen luussen, daat ass jo baal onvirstellbar!
Hei sen et de Moment 34°, dobaussen net auszehaalen, alt ee Grond fir
heibannen bessen unzerappen 😉

Da macht et gudd a passt op eech op!

Josiane

Hinterlasse einen Kommentar