Lake Powell & Antelope Canyon

14 08 2009

Donnischdig, 13.8

Duurch eis wäit Faahrt gester se mir de Moien nemmen 5 Minutte vum Antelope Canyon wech, deen mir fir hett um Programm hun fir kucken ze goen. Do soll een am besten hin, wann d’Sonn héich steet, datt d’Liicht vun uewen ran fällt.
Mir fuhren op de Parking an ……. d’Welt as en Duerf …. Bett-en-duerf, Bett-en-duerf… Bett-en-duerf ……. wen parkt di selwicht Minutt direkt nirwt eis ?? Di aner Bettenduerfer!! (Mike, Betty, Pol, Tessy) .Wann een daat mist färdeg brengen, ging et net klappen! ☺ Mir schwätzen kuurz mateneen, man eng Zäit fir owes oof wou sie bäi eis kommen fir ze grillen, an man eis dann op de Wee an d’Höhlen.

Mir bezuelen eisen Entrée, as relativ vill waat d’Indianer froen, mee et as absolutt dowert! Vu baussen gesäit een net vill! Gestengsschichten, di komisch iwerteneen päschen, teschend Sand an Gestrüpp. Lues a lues geet et emmer mie déif an de Buedem ran, deels iwert kleng Traapen, deels teschend Fielsen am Sand, sou schmuel date en just een Fouss opgesaat kritt. Deels as et no uewen op, datt een den Himmel gesäit, deels sen et bizarr geformten Höhlen. Souwuel d’Formen vun den Steng wie och d’Faarw (gesäit gesträift aus) waat deels durch de Schleff , deels durch d Liicht waat drop fällt irgendwie emmer anischt ausgesäit. Deen Tri vun denen honnerten Fotoen get nach spannend 😉
Et muss een einfach do dran gewiest sen.

Mir fuhren iwert d’Staumauer vum Lake Powell an den Naturpark, wou eis Campingplaatz fir di nächst zwou Nuechten as. Nodems mir eis installéiert hun, zitt den Himmel sech hannert dem Séi zou, an mir gesinn schon di éischt herrlich Bletzer! Mir haaten nach gehofft et ging lanst zéihen, mee op emol koum sou eng Loft op, datt mir alles fir den Aperitif nees rangedroen hun. Eise Besuch war och nach net do, mee mir haaten iwerhaapt net mat kritt datt mir hei schon am Utah sen, an do d’Aueren eng Stonn no gin 😉 . U sech war daat du och tiptop, well an der Zäit war d’Wieder iwer de Séi lanst gezunn, an mir kruten en herrlicht Faarwespill mat Sonn, däischteren Wolliken a Reenbou iwert dem Séi ze knippsen!
Durno hu mir gegrillt, an et war en gemittlichen Owend gin ennert engem kloeren Stärenhimmel.


Aktionen

Information

2 responses

15 08 2009
betty

hallo dir! mir wollten nach eng keier merci soen fir deen flotten owend:-) mir waren gest well am grand canyon, eng keier schnell rof an dann rem ropgelaf…nee, quatsch, dat ass guer net meiglech bei deenen dimensiounen, einfach mega riiseg gigantesch asf ! mir waren 2,5 km rof getreppelt an dann rem rop, dat ass o duer gaang. ech wenschen iech nach eng schein rees an en gudden heemfluch. mir passen och op, dat zu san francisco net op den dieren steet „pets and luxembourgers not allowed“ wann dir do ukommt:-)

17 08 2009
bertien

Ma et war ganz gär geschitt! Mir hun och fond, et war en flotten Owend.Eis huet den HorseShoe Bend super gefall! Sou gigantisch, an alles am Bleck, den North Rim war wahrscheinlich wéint de Beem iwerall net sou „iwersiichtlich“ wann och ganz impressionnant!
An egal waat dir lo maacht, mir as et egal, mee scheckt eech zu San Francisco!! Daat as säit 30 Joer mäin Draam, net datt ech do net därf hin .. hehe … (Danielle)
Eech och nach eng super (Rest-)Vakanz an kommt gutt zreck heem an d’Ländchen!

Hinterlasse einen Kommentar