San Francisco :)

30 08 2009

Sonndig, 30.8

Eisen lesten vollen Daach zu San Francisco.
Mir fänken un, d’Valisen an- an emzepaaken. Schliesslich soll d’Gewiicht bessen verdeelt sen!
Da gin mir bäi Denny’s Kaffi drenken, well deen Schluudchen hei am Hotel, an deen Stress wou honnert Leit sech mateneen op en Toaster stierzen, eis neischt mie seet.
Durno gin mir nach bessen em de Block, bessen shoppen, an lo as eng kleng Paus am Hotel.
Gläich gin mir an den Wax-Museum, an nach emol de Fisherman’s Wharf rop a roof, eppes eessen, eppes drenken, tje, d’Saach lues ausklengen lossen.
Dest wert och wuel vun hei aus den lesten Update am Blog sen, mär geet et an de Flieger. En klengen Rapport dovun kent dann vun doheem aus! ☺b.,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,,

Samsdig, 29.8

De Moien nom Kaffi gi mir zu Fouss vum Hotel bäi d’Lombard-Street. D.h. fir de lesten géihen Stouss, di zwou lest géi Querstroossen rop, huelen mir d’Cable Car . Et as richt 11 Auer, awer schon nees deck waarm.
Deen géien, schlaangeförmigen Deel vun der Lombard-Street as absolutt kuckeswert. Schon leng wie d’Autoen do „schlängelen“ musse an witzisch, mee och di schéin Haiser, et as bestemmt net di belligsten Géigend, an di schéin ugeluechten Virgärt muss een gesinn hun.
Durno huelen mir en Bus, a fuhren bis bäi d’Golden Gate Bridge. Déi gin mir zu Fouss riwer. A well do ausser denen Hop-On Hop-off Busser keen öffentlichen Transport vun do aus fiert, gin mir och nees zu Fouss zreck. U sech as daat keng Affair, et brauch een ongeféier 35 Min fir vun der enger Säit op di aner. Meeeeee et as zimmlich leftig do!!! Kaapen huet een besser an d’Täsch ze steechen.
Et war zwar neischt ze waarm op der Breck, mee well d’Sonn geschengt huet, haaten mir d’Nuesen zimmlich gesengt durno ☺.
Durno sen mir nach bessen durch d’Gechäfter getreppelt, eppes eessen, a groggy an d’Bett.

Freideg, 28.8

Fir de Moien 9 Auer hu mir Ticket’en fir op Alcatraz. Nemme gutt datt mir déi vun doheem aus schon gebucht haaten, soss wier et wuel neischt mie gin, di nächst Deeg sen all „sold-out“.
D’Iwerfaart mam Scheff dauert nemmen pur Minutten.
D’Insel selwer as ganz impressionnant, bessen onheemlich irgendwie. Mir kreien en Audio – Tour, jiddereen seng Kopfhörer, wou een gesoot krut, géi lo dohin, kuck daat, daat war do sou a sou …. an deelweis war et wie een Hörspill gemaach. Immens interessant, an et huet een sech gefillt wie an engem Film. Krut een schon mol Hengerhaut, wann een virun sou enger Zell stung, an dann huet een am Ouer héieren wie rumms di Dir zougezunn gouf!
Jiddefalls as et guer net langweilig, an et as Mettig wie mir um Scheff fir zreck waren.
Durno kaafen mir eis en 3-Dages-Billjee fir mat sämtlichen öffentlich Transportmettelen kennen ze fuhren, déi kasten nemmen 18 Dollar op de Kapp, an souwuel S-/U-Bahn sen mat dran wie och d’Cable Car !!! Daat as een Spaass mat denen!!! Biergop an biergoof … an da stuckelt et …… hihi!
Mir waren rop an d’Staad op de Union Square, wou vill gaaaaanz deier Geschäfter sen, mee och Bloomingdale’s, Macy’s an virun allem den Apple Store!
Owes eessen mir am Lou’s Blues Restaurant mat Live Jazz/Rock-Musik.

Donnischdig, 27.8

Mir sen fréih op, zéihen d’Better oof, botzen nom lesten Notzen nach d’Dusch an d’Buedzemmer.
Da fuhren mir op San Francisco, tanken nach voll, fellen de Gas op, an gin durno an den Denny’s Kaffi drenken. Em halwer 11 solle mir spéitstens bäi Roadbear sen, fir de Camper oofzegin, soss fiert keen Shuttle eis méi an d’Staad ran. As direkt engt Meedchen do waat de Camper oofhelt, op keng Téitsch, keen Schued oder waat och emmer drun as, a mir man d’Discher, d’Bettwäsch an d’Kessen an di entspreechend Container. Alles klappt ganz zügig, mir hun och neischt nozebezuelen, also as de Camper an der Rei.
Zesummen mat enger belscher Famill gi mir an d’Staad bäi eis Hotelen gefouert. Mir hun eng ganz léif Chauffeuse, di wuel stolz op hir Staad as, well sie mecht en klengen Emwee, datt mir als éischt eng voll Vue op d’Skyline vun San Francisco an d’Golden Gate Breck kreien. Durno fuhren mir iwert d’Oakland Bay Bridge an den Zentrum.
Eisen Hotel as den Holiday Inn Express. En läit immens gutt, zwou Querstroossen vum Fisherman’s Wharf.
Do gin mir och direkt en Tour spazéieren, bis op de berühmten Pier 39. Deen as voller klenger Geschäfter, Restaurant’n, Café’en …. an iwerall Vue op d’Bucht vun SF.
Op enger Abberzuel holzenen Plattformen di um Waasser schwammen, leien honnerten vun „Seals“ – denen Seeléiwen di de Bootsbesetzer d’Liewen schwéier man, mee fir d’Touristen eng Attraktioun sen. Mir kucken deem Schaulspill eng ganz Zäitchen no!
Da gin mir an den Hard Rock Café, direkt nirwendrun, eessen.

Mettwoch, 26.8

Nees ouni Bär geschloof! 😉
Mir man eis op de Wee Richtung San Francisco.
D’Campingplaatz as zu Oakland, ganz rouig, nach zimmlich héich an an engem klengen Besch.
Zwar Full Hoop-up mee keen Wireless! Also nach emmer keng Mailen an keen Blog!
Mir fänken un mat Posche paaken a Camper raumen. As méi wie een mengt an denen klengen Schief!! As baal Owend wie mir färdeg waren. Du war och d’Feier gutt, a mir hun alles gegrillt waat mir an der Truh an am Frigo nach fond hun (also baal alles)
Durno suutzen mir nach eng leste Kéier bäim Lagerfeier, an hun eis lest Fläsch kalifornischen Wäin genoss!


Aktionen

Information

Hinterlasse einen Kommentar