Grand Canyon

16 08 2009

Samsdeg, 15.8

De Moien waren mir fréih op, em halwer 7.
Hett gung et an de Grand Canyon, an daat as zimmlich eng Streck gewiest.
Mir hun de Kaffi am Denny’s gedronk, sou richtig mat Omelett a Bacon, French Toast an Pancakes. Domat kommen mir iwert den Daach, bis mir um Camping um Grand Canyon sen.
Ennerwee man mir Statioun um Horse-shoe Bend. Mir gin e Steckelchen iwer Steng a Sand ,ganz liicht biergop an biergoof, bis op emol virun engem d’Landschaft brecht an een eng déif Schlucht gesäit. Daat as schon eng mega Aféierung op den Grand Canyon. Hei schlängelt sech ganz déif ennen de grengen Floss durch d’Fielsen. E Wahnsinns-Ubleck!
Eng zweet Statioun ennerwee as d Navajo-Bridge, déi am Fong de Floss an domat den Indianer Territoire oofgrenzt! D’Breck as relativ héich fir eis Verhältnisser mee lo architektonisch neischt Emwerfendes.
Dretten Stop war matzen op der Streck, do luch en decken Koup Riesen-Steng, awer sou komisch openeen, datt een sech freet wie daat iwerhaapt méiglech as datt se leie bleiwen. Doteschend gesäit een op emol eng Art kleng Hütten, wou fréiher emol Siedler mussen iwergangsweis geliewt hun. An an denen Haisercher setzen Indianerinnen hir Bijoux’en ze verkaafen. Do kann een natirlich net lanst goen :-))))
Da geet et nees Meilen a Meilen durch Niemandsland, d’éischt quasi riicht, wou een keen Enn vum Highway gesäit, an dann lues a lues biergop, bis op 8500 Fouss! D’Landschaft verännert sech permanent! Vu stengeger groer Stengwüst get et hannert enger Kéier op emol greng, da kent Dännebesch, an durno leider een riesigen Territoire waat alles verbrannt war, mee wuel schon d lest Joer, well de Buedem as schéin greng an et schéissen nei Planzen. Et kommen Biirken, an op emol mengt een et wier een an der Schwäiz! Riesig greng Wiesen, am Hannergrond Dännebesch, kleng Weiheren, Schelder mat Wildwechsel ….
An dann as een och schon am Grand Canyon State Park. Eise Camping läit och an engem Dännebesch, mee direkt um Grand Canyon. vu eiser Plaatz aus gesinn mir teschend den Beem direkt op de Canyon. Mee deen richtig vollen Bleck huet een richt wann een e klengen Trail mecht vun 2 km. Deen as baal wie bäi eis doheem wann een durch de Besch treppelt., awer nemmen bis bäi en Gebäi, waat vu baussen bessen wie Burg ausgesäit, an daat läit voll uewen um Wupp, wou een direkt roof an de Canyon gesäit. Do as och eng Plattform mat Gelänner, wou een quasi „driwer“ kann stoen. Do gesäit een an engem Bleck waat d’Natur färdeg brengt.
D’Burg as en Hotel mat Restaurant, Geschäfter, Saloon …. an fantastischen Terrassen, wou een einfach sou, deels an massiven helzenen Schaukelstill kann setzen an einfach nemmen genéissen No engem Patt am Saloon, wou mir mat de Kanner awer net um Comptoir därfen setzen, mee un en Desch mussen (an den Eric krut keen Corona, net enner 21 an net ouni Pass, an och net mat den Elteren dobäi) hu mir eis op den Reckwee gemaach.
Mir hun eis eppes gekacht, dobaussen gees, an relax op den Sonnenennergaang gewart. Deen as hei schon géint 7 Auer.
Dofir konnte mir vun eiser Plaatz aus en klengt Steck goen, bis op en decken Fiels, deen vun engem aneren minimal mie héichen oofgesechert war. Sou konnte mir ongeféierlech, an awer aus der éischter Rei den Sonnenennergang am Grand Canyon kucken. Du war et schon net mie waarm, mee lo, em 8 as et schon zappenduuster an äiskaal! Di ischte kéier datt mir iwerhaapt Plover oder Jakett, oder besser Plover a Jakett unhun! Fir Hennt sen nemmen 2 ° C gemeld, daat as net ganz vill! De Moien em 9 haate mir um Lake Powell schon 28 ° C!!! Also en Wahnsinnsennerscheed, souwuel an der Héicht wie an den Temperaturen.

Also besser ennert den Diwi!

Freideg, 14.8

Hett man mir en Latzdaach um Lake Powell.
Et as deck waarm, a mir treppelen bis roof bäi de Séi. Do as en Strand, mat Bleck op de Yachthafen, an am Hannergrond Fielsen. Erstaunlicherweis sen baal keng Leit do! Mir liesen bessen an der Sonn, a gin eis dann an d’Waasser oofkillen. Et as herrlich, guer net kaal.
De Rest vum Nomettig verbrengen mir bäi eisem Camper, an mir hun eis ‚eischt Wäsch an engem Waschsalon gemaach. Et war net wäit wech, an d’Zäit wie laang d’Maschinn leeft gouf ugewiesen, sou datt een doteschend emmer konnt zreck bäi d’Buch an eppes ze drenken setzen goen :-))
Gekacht – gees – alles färdeg ageraumt fir Moies, an fréih schloofen!


Aktionen

Information

Hinterlasse einen Kommentar