Also lo waren pur stressig Deeg.
Virgester hu mir nach zu New York op eiser Terrass Kaffi gedronk, an em 11 Auer koum den Taxi eis sichen fir op de La Guardia Flughafen. Daat huet och tiptop geklappt, mir waren an enger knapper halwer Stonn do Du koum den Check-in.
Een Tip vu United Airlines huet gesoot, mir missten selwer de Check-in man. Mee daat huet guer net geklappt mat deem Automat! Du koum eng léif Madamm vun hannert dem Schalter an huet eis bäi sech geruff, alles fir eis gemach, a gesoot daat aert ging net goen mat auslännischen Voucheren. Ok, mir sen du nach eppes drenke gaang, well mir nach 2 Stonnen hu missten warden..
Géint 2 Auer gung et an de Flieger, an prompt hu mir d Madamm net mie sou léif fond, well sie eis a 5 verschidden Reihen all kiers an d Mett getesselt haat! Mir konnte mol baal net mateneen schwätzen.
An du … starten, net starten, nees ufuhren, Start oofgebrach …. zwou Stonne laang! D’Fliesgeren stungen an der Schlaang fir fort! (sie mussen där awer och iwerall fabrizéieren 😉 ) Schlussendlich hun se du d’Richtung geännert fir de Start an et gung lass!
Du gouf et och nach neischt z’eessen, bäi 4 Stonne Fluch! Mir haate souguer eppes fir Letz Frankfurt, daat waren ¾ Stonn!! D’Bouwen haate mat Chance eng Tuut Chips mat ran, mee fir de Rest gouf et laang!! Durch de Mikro gouf gesoot, et kent een hir Packages kaafen mat FingerFood. Hun am Katalog gekuckt waat et wier, den Noper gedoen opstoen fir un d’Kreditkaart ze kommen, well Suen wollte se keng an daat alles fir Chips an Nees a Gottweeswaatnach an denen Tuuten sollt sen! Tjo, et war net eisen Daach, wie se bis an eis Géigend koumen, ( di scheinbar fein Madamm haat eis och nach ze soen ganz hannen getesselt!!) war alles ausverkaaft! War guer neischt mie ze kreien. Mir hun neischt braichten ze soen, daat hun d’Amerikaner ronderem schon gemaach!
Dofir se mir awer ouni Problem geland. Mee eben leider sou spéit datt et schon baal daischter war zu Denver.
No de Valisen ooffänken, di erstaunlicherweis all ukomm waren, (haat no deem Daach schon gezweifelt) , sen mir direkt op d Sich gaang no eisem Shuttle fir bäi den Hotel, den Roadbear ugin haat.
Den huel awer net do, deen muss een uruffen! Ah jah!
Also op d Sich no enger Telefonskaart, 10 Dollar an de Schlitz … an neischt!
Bäim Infoschalter waren se awer super léif, net sou genervt/gespillt frendlich wie zu New York. De Mann huet de Claude vu sengem Apparat aus uruffe geloss an eis x Telefonskaarten als Entschädigung gin.
Den Shuttle koum och geschwenn, a mir waren fix a foxi an iwerhongerig! Hu just d’Poschen an d Kummeren hannert d Dir gesaat, an sen an den Applebee’s gestierzt. Deen war quasi direkt bäim Hotel, an as nemmen ze empfehlen!
Donnischdig 7. August
Hun mol bessen ausgeschloof a hu relax minimalistiscn Kaffi gedronk mat engem Yoghurt an Cornflakes!
Durno Poschen gepaak, an d’Bouwen waren an de Pool .
No pur Minutten koum den Eric schon bluddig raus, den rauen Schléifbotzbuedem vum Pool haat hen attakéiert, an d Gesiicht an d Ärm lakséiert!! ( siehe Pics, ab 21 !)
Durno waren mir séier e Burger eessen, well mir net nees a sou ee Lach wollte faalen wie den Daach virdrun. Teschend halwer 1 an halwer 2 sollt den Taxi vu Roadbear eis sichen kommen. Mir waren ¼ op 12 nees am Hotel,du seet d’Meedchen an der Receptioun, de Chauffeur wier do gewiest, mee mir net, hen wier nees fort! Zut! Daaat wert jo net sou weider goen ….
Nees ugeruff, an no kuurzer Diskussioun an dem Beweis per Email (Vive I-Phone!! — jo ech soen jo neischt mie dogéint!) waren sie awer ganz léif an hun den Chauffeur zreckgescheckt.
Durno gouf et spannend! D’Aweisung an den CampingCar war ustrengend an huet 2 Stonnen gedauer. Daat ganzt gung op däitsch, well een Schwäitzer eis agewiesen huet. Sie waren iwerhaapt eng ganz sympathisch Firma!
Du gung et lass mat der ischter Faart! As schon e Riesendengen, an Automatik … !
Bis bäi een Akaafscenter, fir mol de Frigo ze fellen, se mir schon mol ouni Problem komm, an haaten och keen Akaafsweenchen ennerdrenner päschen herno wie am Film!! ;-)))
Daat Akaafen war och net sou einfach, fir bessen vun allem ze fannen. Teschendurch as mol een zolitt Donnerwieder roof gaang. An et war schlussendlich baal 6 Auer wie mir eis op de Wee fir op Boulder gemaach hun.
Eigentlich wollte mir virum Daischteren do sen, fir eis di ischte Kier ze installéieren. Meeeeeee …. den TomTom huet eis am Stach geloss an de Camping net fond. Mir waren irgendwou an d Pampa gerooden, wou de Wee op emol keen Asphalt mie haat, a mir waren forcéiert matzen um Wee d’Kéier mat eisem Scheff ze man!
Trotz alle Bedenken huet et tiptop geklappt. Gottseidank haat den Eric och de Kaart an den TomTom an d’Hand geholl, an eis irgendwéi op emol awer op eisen Camping gefouert!
Do war neischt richtig gezeechent, an mir waren frou wi mir di ischt Camper teschend de Beem gesinn hun haalen. Mir hun eis du op eng Plaatz ageschriwwem an di éischte Kéier geparkt! Et war stachdaischter, a mat Täscheluuchten gouf Elektisch ugeschloss. Schon irgendwie spannend.
Aus deem gewollte Grillen gouf neischt mie, mir hun eng Family-Pizza an den Uewen gemaach. De war och net sou einfach unzebalen, bis mir rausfond hun datt een neischt därf uewendrop léen wou en Loft zitt!! Hehe …..
Eppes gees, an du gouf mol geraumt, d’Akaafssachen alles richtig verstaut, Poschen mat de Kleeder ausgepaak….. den Desch ragklappt an als Bett emfontionnéiert, an du war et baal Hallefnuecht, a mir sen just nach an d’Bett gefall.
Freideg, 8. August
Mir waren all fréih wakrisch, war ongewinnt. Alles sou rouig, an lo huet een mol gesinn wou mir waren. Eng immens schéin Campingsplaatz mat eegener Grillplaatz an Desch an Bänken. Trotzdem et nuets gutt gerent haat, an et och nach relativ fresch war, hu mir profitéiert an dobaussen Kaffi gedronk.
Daat war richtig Vakanz!! ;-))))
Mee leider wollte mir jo nach eppes gesinn, an hun alles lassgeklemmt, den Check gemaach, Daachfensteren zou, Klappen ronderem gespaart, Elektrisch lass geklemmt, net datt d’Sail ging hannendrun flatteren … Traap ran …. muss een nawell u villes denken.
Durno sen mir roof op Boulder gefuer, mat superschéinen Aussiichten op d Rockies.
War net sou einfach an der klenger Staad eng grouss Parkplaatz ze fannen, mir hun herno einfach op engem relativ eidelen Parking 3 4 Plaatze geholl, an dofir och 2 Ticket’en geléist, an der Hoffnung daat wier ok. Wie mir no enger gudder Stonn zreckkoumen war den Parking guer net mie sou eidel!!
Mir hun en Tierchen duech d’Pearl Street gemaach, eng wonnerschéin Foussgängerzone, wou ech verschidden Saachen direkt nach remkannt hun! Mettlerweil as awer och schon en Starbucks do, an mir hun eis eng Latte Macchiato gegennt.
Durno fuhren mir wieder an d Géigend vun Canon City, wou „Cliff Dwellings“ as, en Musée vun den Pueblo Indianer, déi an denen „Haiser“ an de Fielsen gewunnt hun. Mesa Verde as di grouss Versioun dovunner, mee daat packen mir net op eisem Tour.
Lo sen mir an der Géigend vun Canon City op engem Camping mat vu op d Royal Gorge Breck. Et as zwar keen sou een flott agedeeltenen, hei stin d Camper méi een um aner, mee vun der Plaatz hir as et super.
D’Jungs sen schwammen, an lo get mol eppes gekacht!